17 déc. 2018

Ëmmer up to date

Fir iwwert eis Aktivitéiten informéiert ze beliwen,
consultéiert regelméisseg eisen Internetsite:
https://arcasbl.wixsite.com/arc-asbl

Do ass ëmmer eis nächst Ausstellung mat allen Informatiounen affichéiert,
grad wéi eis aktualliséiert Memberslëscht mat Link zum Site vum Artist
sou wéi och d'Ausstellungen vun eisen Memberen ausserhalb vum ARC.

Ausserdem gëtt et en Historique vun den Aktivitéiten vum ARC,
mat Artikelen, Photoen a Links.

De Blogg hei gëtt just sporadeg aktualiséiert,
dofir consultéiert léiwer eisen Internetsite
oder eis facebook-Säit: 
https://www.facebook.com/ARCasbl/

19 juil. 2018

Den ARC um Veiner Nëssmoort 2018

Vu datt den ARC säi Siège Social lo zu Veianen huet, kënne mir net nëmmen regelméisseg an der Veiner Konstgalerie ausstellen, mee mir kënnen als Veiner Veräin och bei allen aneren Veiner Aktivitéiten matmaachen.
Déi bekannst dovun ass wuel den traditionnellen Nëssmoort. An do wäerte mir dann dëst Joer och mat engem Stand dobäi sinn. Eis Standplaz ass beim CG Konstatelier (39, Grand-Rue) virgesinn. Mir sinn gespaant wat draus gëtt ...
De Nëssmoort ass (normalerweis ëmmer den 2. Sonndeg am Oktober, ausser wa Wale sinn, dofir ass en) dëst Joer de 07.10.2018 ab 10:00 Auer moies ...

Eis nächst geplangten Ausstellungen:
13./14.+20./21.10.2018 zu Steesel an der Galerie am Duerf
29.11. – 09.12.2018 an der Veiner Konstgalerie
am Abrëll 2019 am Kulturhaus zu Dikkrich
am Hierscht 2019 zu Veianen,
2020 an der Schungfabrik zu Téiteng,
am H2O zu Uewerkuer an
an der Veiner Konstgalerie ...

méi Infos 
op eisem Internetsite:
https://arcasbl.wixsite.com/arc-asbl/
an op eiser facebook Säit:
https://www.facebook.com/ARCasbl/

26 mars 2018

Assemblée Générale 21.III.2018

Hei e klenge Resumé vun eiser Generalversammlung, déi den 21. Mäerz am Restaurant Spakelter zu Leudelange war ...

Mat voller Stëmmzuel (anonym) goufen d'Membres adhérents Eva Paulin an d'Nathalie Lesure als aktiv Memberen am Kënschtlerkrees opgeholl.

Aus Zäitmangel sinn 3 Membren aus dem Comité zréckgetrueden: de Zahrée Veerman, d'Dany Blasen an d'Milly Richter. Si kruuten allen 3 e klenge Kado fir als Merci fir hier Aarbecht während dem läschte Joer. Nei am Comité ass vun lo un d'Juliette Haag.

Eis Tresorière, d'Anne-Marie Grimler, behält d'Iwwersiicht vun eisen Finanzen an huet bemierkt datt eis läscht Ausstellung zu Beetebuerg "Am klenge Kader 2" eis nawel vill Sue kascht huet, d'Locatioun vum Galerie-Raum, d'Gedrénks an déi lokal Dréckerei fir d'Invitatiounen, an datt mir Chance haten datt sou gutt do verkaf gouf, sou datt en Deel vun de Käschten mat de % rëm konnt opgefaangen ginn. Sou daier Ausstellungen därfen mir net permanent maachen.

Eis nächst Ausstellungen:
- Open Air Konstfestival, Lellingen, am Juni 2018
- Galerie Am Duerf, Steinsel, am Oktober 2018
- Veiner Konstgalerie, Vianden, Enn November 2018

Och gouf driwwer diskutéiert op mir beim Veiner Nëssmoort sollen e Stand maachen fir Suen an d'Kees ze kréien ...

2019 feieren mir eisen 60. Anniversaire a bréngen e Buch raus. Eise President, de Serge Koch, ass fläisseg um sammlen fir de Contenu, dofir hei en Opruff: Wann nach een Material (Texter, Fotoen, ...) aus de läschten 60 Joer vum ARC – Art Contemporain du Grand Duchée du Luxembourg, dann kënnt dir dem Serge et wegl weiderginn.

Dës weideren huet et jidderengem gutt geschmaacht a mir haten e flotten Owend zesummen.

Expo "Am klenge Kader 2" an der Galerie Maggy Stein am Château de Bettembourg – Mäerz 2018


Artikel iwwert den ARC an der REVUE vum 28.02.2018


25 sept. 2017

ARC-Expo "Zäit" @ Vianden



L’Administration Communale de la ville de Vianden et les artistes de l'ARC ont le plaisir de vous inviter au vernissage de l'exposition
Zäit
qui aura lieu le samedi 23 septembre 2017 à 17h00 à la Veiner Konstgalerie (6, impasse Léon Roger L-9410 Vianden; à côté du "Veiner Stadhous" place Victor Abens; derrière la boulangerie "Croissant d'Or" Grand-Rue).

Les artistes-membres exposant:
Rol Backendorf, Josiane Ginter, Corinne Goetz, Anne-Marie Grimler, Margot Guion, Juliette Haag, Marina Herber, Assy Jans, Serge Koch, Astrid Koemptgen, Gery Oth, Isabelle Pirson, Ania Polfer, Nicole Rapp, Milly Richter, Ingo Schandler, Gunseli Toker, Mario Vandivinit, Zahrée Veerman.

L'exposition est ouverte du mercredi au dimanche de 14h00 à 18h00 du mercredi 27 septembre au dimanche 15 octobre 2017 inclus.
Note: le dimanche 15 octobre aura lieu la célèbre « Fête de la Noix » à Vianden! 

Pour plus d'informations, veuillez consulter notre site: https://arcasbl.wixsite.com/arc-asbl

19 mars 2017

Expo "ReNaissance"
















L'Administration Communale de Roeser
et les artistes de l'ARC ont le plaisir
de vous inviter au vernissage de l'exposition
"ReNaissance"
qui aura lieu le jeudi 30 mras 2017 à 18h30
à la maison Communale, Salle François Blouet
40, Grand-Rue L-3394 Roeser

Les membres exposants sont :
Rol Backendorf, Dany Blasen, Josiane Ginter, 
Corinne Goetz, Anne-Marie Grimler, Margot Guion, 
Assy Jans, Serge Koch, Josée Olinger, 
Gery Oth, Ania Polfer, Milly Richter, 
Yvette Rischette, Ingo Schandeler, Gunseli Toker, 
Mario Vandivinit, Zahrée Veerman.

Les invités – membres adhérants – sont :
Monique Becker, Gérard Claude, Marina Herber, 
Florence Hoffmann, Pepe Pax, Reiny Rizzi-Gruhlke.

L'exposition est ouverte tous les jours de 15h00 à 19h00
du vendredi 31 mars jusqu'au dimanche 09 avril inclus.

16 mars 2017

ReNaissance

Eis nächst Ausstellung mam Titel an Thema "ReNaissance" ass symbolesch fir dat neit Opliewen vun der a.s.b.l.
D'Ausstellung ass ze gesinn vum 31.III. - 09.IV.2017 all Dag vun 15:00-19:00 Auer zu Réiser an der Gemeng. Vernissage ass den 30. Mäerz um 18:30 Auer.

Mir hu net nëmmen e neie Comité, mee och nach eng Rei nei Membres adhérants wéi z.B. d'Florence Hoffmann, d'Marina Herber, de Pépé Pax, d'Reiny Rizzi, d'Monique Becker, de Gérard Claude an d'Marie-Josée Kerschen.
De Zahrée Veerman an d'Josiane Ginter waren schon während der Assemblée Générale extraordinaire als Member ugeholl ginn.

De neie Comité ass dann och fläisseg am Schaffen, a frou fir schon de neie Logo vum ARC presentéieren ze kënnen ... 

1 févr. 2017

Neie Comité

Mir hunn e neie Comité


No 12 Joer Aarbecht als Presidentin vum ARC, huet d'Astrid Koemptgen seng Pensioun méi wéi verdingt, a mir soen him MERCI fir déi vill Aarbecht déi hatt fir den ARC gemaach huet.

De 16. Januar 2017 haten mir dofir eng Assemblée Générale extraordinaire.
Déi zwee Membres adhérants – Josiane Ginter a Zahrée Veerman – goufen als Member ugeholl.
Si zwee haten och am Virfeld hieren Interessi fir de Comité schon ugekënnegt.

De neien Comité :

Serge KOCH - President
Rol BACKENDORF - Vice-President
Josiane GINTER - Secrétaire
Anne-Marie GRIMLER - Trésorier
Ania POLFER - Administrateur
Assy JANS - Administrateur
Dany BLASEN - Administrateur
Ingo SCHANDELER - Administrateur
Milly RICHTER - Administrateur
Zahrée VEERMAN - Administrateur, PR-Manageur

Eis nächst Ausstellung mam Titel "ReNaissance" ass vum 31.III.2017 - 09.IV.2017 zu Réiser an der Gemeng (an der Woch während den Öffungszäiten vun der Gemeng, an de Weekend just nomëttes). De Vernissage ass den Donnechteg 30.III.2017 owes.

12 avr. 2016

Exposition

"ARCbrëll"

du 08.IV. au 01.V.2016
à la Maison de la Culture 
à Diekirch : 13, rue du curé
ouvert: mardi-dimanche 10:00-18:00

3 mars 2016

next Expo :

Exposition ARCbrëll am Kulturhaus zu Dikkrich
Vernissage Freideg 08. Abrëll um 18:30
ze gesinn vum 09. Abrëll bis den 01. Mee 2016 
Dënsteg - Sonndeg 10:00 - 18:00

21 nov. 2015

2 sept. 2015

Hei de Flyer fir eis next ARC Ausstellung : 



Opgepasst: d'Ausstellung ass just während 1 Weekend !

Ze gesinn sinn dëss Kéier just kleng Formater ... 
loosst Iech iwwerraschen ...
mir freeen eis ... ;-)